Ëmsaz fält wuel méi kleng ausKonsumenten an Däitschland wëllen dëst Joer manner Sue fir Vältesdag ausginn

AFP, iwwersat vun RTL
Enger neier Ëmfro no geet d'Zuel vu Leit an Däitschland, déi fir Vältesdag wëlle Suen ausginn, weider erof.
Rouse sinn ëmmer eng beléiften Optioun op Vältesdag.
Rouse sinn ëmmer eng beléiften Optioun op Vältesdag.
© MATTHIEU DELATY/Hans Lucas via AFP

Konsumenten an Däitschland wëlle laut enger Ëmfro dëst Joer manner Sue fir Vältesdag ausginn. Just nach 20 Prozent vun de Befrote plangen, eppes fir den Dag vun der Léift ze kafen, sou den Handelsverband Deutschland (HDE) e Mëttwoch.

Dat wiere ronn aacht Prozentpunkte manner wéi nach 2025. De Verband rechent dëst Joer dofir mat engem méi nidderegen Ëmsaz op Vältesdag vun 1,18 Milliarden Euro – dat am Verglach zu 1,3 Milliarden Euro am Joer 2025.

De Verband féiert dat dorop zréck, datt de 14. Februar dëst Joer nieft dem Vältesdag och Karneval-Samschdeg ass. Dowéinst géif all 12. Befroten uginn, op Akeef fir Vältesdag ze verzichten an duerfir Suen am Kader vum Karneval auszeginn.

59 Prozent vun de Konsumenten, déi fir de Vältesdag e Budget aplangen, wëlle genau esou vill Suen ausginn, ewéi 2025, huet den HDE weider matgedeelt. 22 Prozent wëlle manner, 19 Prozent méi fir Kaddoen ausginn.

Fir dës Ëmfro huet den HDE 500 Persoune befrot.

Back to Top
CIM LOGO