
Fir e Café an dräi Vakanzenhaiser op der klenger Insel “Great Basket Island” un der irescher Westküst ze geréieren, sicht d’Agence “The Great Blasket Experience” eng Koppel, déi prett wier, dësen Job vun Abrëll bis Oktober ze maachen. Et muss ee sech ënner anerem ëm d’Vakanzenhaiser këmmeren, d.h. do botzen, se usträichen a sech natierlech ëm d’Verfleegung fir d’Visiteure këmmeren.
Dat sinn nëmmen dräi vun de sëllegen Tâchen, déi op Interesséierter duerkommen. D’Agence ënnersträicht nämlech, datt den Job ee permanent an ouni Paus op de Been hale wäert. Dofir kompenséiert déi wonnerschéin Natur eventuell den enormen Alldagsstress.
Méi Detailer zu dëser aussergewéinlecher Joboffer fannt Dir hei, allerdéngs ënnersträicht d’Agence, datt entretemps keng Demandë méi ugeholl ginn.