
Ronn 650.000 Zigarettestëmp hunn d’Ëmweltaktivisten op engem grousse Koup ugeheeft, matten op enger Plaz an der portugisescher Haaptstad Lissabon. “Mir hunn all d’Mënschen a Portugal gebieden, un dësem Gemeinschaftsprojet matzemaachen, fir op d’Plastikverschmotzung opmierksam ze maachen”, sou den Initiator vun der Aktioun, de 34 Joer alen Däitschen Andreas Noe. Vill Mënsche wiere sech net bewosst, dass an den Zigarettestëmp Plastik verstoppt ass.
Eng eenzeg kleng Zigarett wier e gutt Beispill dofir, “wéi jiddereen ufänke kann, eppes ze maachen” géint d’Ëmweltverschmotzung an d’Klimakris allgemeng. D’Participante vun der Aktioun hate bannent nëmmen enger Woch genuch Zigarettestëmp gesammelt, fir ongeféier 40 Plastikfässer domat ze fëllen. Déi goufen dono op enger Folie zu enge Koup opgetippt.
“Mir wëllen dëse Problem stoppen, andeem mir d’Mënschen encouragéieren, hir Zigarettestëmp an d’Poubelle oder an en Täschen-Äschebecher ze geheien - egal wouhin, just net op de Buedem”, sou dem Noe säi Matstreider David Figueira.
Den Noe war viru sechs Joer a Portugal geplënnert an huet sech antëscht komplett dem Ëmweltschutz verschriwwen. Virun zwee Joer hat hie bannent zwee Méint ronn eng Millioun Zigarettestëmp opgeraf.