Nei Objete fir 3. Staffel am Summer gesichtKuckt nach emol déi dräi originellst Episode vun der 1. Staffel "derwäert"

RTL Lëtzebuerg
Am Summer geet et nees lass mat enger 3. Staffel vun eiser Emissioun "derwäert - D'Geschicht hannert Ärem Schatz".
Et gouf schonn zwou Saisone vun der Emissioun "derwäert".
Et gouf schonn zwou Saisone vun der Emissioun "derwäert".
© RTL

An deem Kontext si mir nees op der Sich no spannenden Objeten, déi op den éischte Bléck onopfälleg wierken, mee eng besonnesch Geschicht mat sech bréngen. Wann Dir esou ee Bijou, eng al Auer oder Änleches bei Iech um Späicher oder am Keller trëllen hutt, da mellt Iech bei eis!

Méi Detailer zur Umeldung, wéi och den entspriechende Formulaire, fannt Dir hei an dësem Artikel:

A fir d'Zäit ze iwwerbrécke bis déi nei Staffel ugeet, kënnt Dir dräi vun de spannendsten Episoden aus der éischter Staffel hei nach emol kucken:

"derwäert": Den Helmut Dahner huet eng Gallé-Vas zu Lissabon kaf, ass se echt?
D’Geschicht hannert Ärem Schatz" - Episod 4
"derwäert": Nadine Waaijenberg-Flammang wollt wëssen, wat hir Vas wäert ass
D’Geschicht hannert Ärem Schatz - Episod 5
Den Alain Biver huet een Héichraad matbruecht
Déi nei Episod vun "derwäert - D'Geschicht hannert Ärem Schatz"

Back to Top
CIM LOGO