Opruff fir 3. Staffel vun "derwäert"Hutt och Dir e klenge Schatz doheem?

RTL Lëtzebuerg
Fir eng weider Staffel vun "derwäert" ginn nees spannend Objete gesicht. Vum ale Bijou iwwer en Tablo vum Späicher.
© RTL

En ale Bijou? Eng Auer? Oder eppes, wat zënter Joren um Späicher läit? Mat dëse Froe kënnt am Summer eng weider Staffel vun der RTL-Emissioun op den Ecran.

Fir d'Produktioun ginn nees spannend Objete gesicht, déi vläicht op den éischte Bléck onopfälleg wierken, mee eng besonnesch Geschicht mat sech bréngen.

Eis Experten analyséieren d'Stécker, bewäerte se an erzielen, wat dohannert stécht. Wien en Objet doheem huet, deen eventuell an d'Sendung passt, ka sech elo iwwert de Formulaire hei drënner oder iwwer derwaert.rtl.lu umellen.

"derwäert" — all Objet huet säi Wäert

Fréier Episode kënnt Dir nach emol am RTL Play kuken:

Back to Top
CIM LOGO