Astrophysiker Patrick Michel"Kuerzfristeg gëtt et kee Risk, dass en Asteroid d’Äerd zerstéiert"

Pierre Weimerskirch
Och wann et kuerzfristeg kee Risk gëtt, misst ee sech laangfristeg drop preparéieren, fir - am Fall wou - prett ze sinn, esou den Astrophysiker.
© NASA

De Patrick Michel ass ee vun de renomméiertsten Experten am Beräich vun den Asteroiden. Hien ass Direkter vum Fuerschungszenter CNRS op der Côte d’Azur. Als ee vun de Fuerscher schafft hie fir d’europäesch Weltraumagence mat um Projet Darts vun der NASA, der amerikanescher Weltraumagence. Zil vun dësem Projet ass et ze kucken, wei een d’Fluchbunn vun Asteroiden, déi d’Äerd treffe kënnen, ka veränneren.

Wisou sinn Asteroiden interessant?

Fir de Patrick Michel gëtt et dräi Haaptgrënn, wisou et interessant ass, d’Asteroiden ze erfuerschen. Als éischt géif een Informatiounen doriwwer kréien, wéi d’Äerd entstanen ass, et kéint een esou erausfannen, wei eng Himmelskierper kéinten d’Äerd treffen oder och den Ofbau vu Ressourcen am Weltraum méiglech maachen.

Wisou Asteroiden interessant?
Astrophysiker Patrick Michel

Gëtt et e Risk, dass een Asteroid d’Äerd trëfft?

Kuerzfristeg net, esou den Expert. Himmelskierper, déi méi grouss si wéi ee Kilometer, géif een all kennen. Elo géif een en Inventaire maache vun den Asteroiden, déi méi grouss si wei 140 Meter, do géif een aktuell 40 Prozent kennen. De Risk, dass esou een op d’Äerd aschléit, bleift statistesch gesi kleng, de Risiko Null géif et net ginn.

Gefor fir Aerd?
Astrophysiker Patrick Michel

Programm fir Fluchbunn vun Asteroiden ze änneren

D’Europäesch Weltraumagence schafft mat der amerikanescher Weltraumagence zesummen, fir ze kucken, wéi een - am Fall wou - en Asteroid kéint ëmlenken. Dat géif u sech genee esou gemaach ginn, wei een et aus Science-Fiction-Filmer kennt, esou den Astrophysiker.

Wéi emleeden?
Astrophysiker Patrick Michel

Asteroid Day zu Lëtzebuerg

Den 30. Juni ass zu Lëtzebuerg den Asteroid Day fir op déi ganz Fuerschung ronderëm d’Asteroiden opmierksam ze maachen. Et ass och den internationalen Asteroiden-Dag vun de Vereenten Natiounen.

© ESA

Back to Top
CIM LOGO