Heiansdo kënnt et anescht wéi geplangtLach um Tarmac verhënnert Jonggesellinnenabschid

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend hat d'Pist vum Lux-Airport fir zolidd Probleemer gesuergt.
© Christophe Hochard / RTL

Siwen Damme waren e Freideg den Owend mat Sak a Pak um Findel. Fir si sollt et op Nice goen. Op der franséischer Côte sollt d’Giovanna hire Jonggesellinnenabschid feieren. E Lach um Tarmac huet hir an de Frëndinnen awer e Stréch duerch hir Pläng gemaach. “D’Enttäuschung ass grouss”, sou déi jonk Fra am RTL-Interview. “Ech ginn elo an d’Stad. Leider sinn ech de Weekend net op der Plage. Mir hunn eise Fliger annuléiert kritt. Dofir musse mir leider hei bleiwen”, sou e ganz enttäuscht Giovanna.

En Dag méi spéit fortfléie goung och net. “De Fliger fir e Samschdeg ass scho voll. Fir e Sonndegowend hätte mir nach Plaz kritt. Mee mir schaffen e Méindeg nees. Sou, dass dat leider net klappt”. Dëst erzielt mir d’Giovanna mat ganz traureger Minn.

Lach um Tarmac verhënnert Jonggesellenabschid
Siwen Damme waren e Freideg den Owend mat Sak a Pak um Findel. Fir si sollt et op Nice goen.

E Freideg den Owend spéit ass d’Pist um Findel nees op reduzéierter Längt opgaangen.

Back to Top
CIM LOGO