
U sech sollt en 81 Joer ale Mann aus der Géigend vun Hannover ageäschert ginn. Ma an der Morgue vun der Héichschoul koum et zu enger Verwiesslung an esou gouf en 71 Joer alen tierkesche Staatsbierger amplaz vum däitsche Staatsbierger ageäschert.
An der muslimescher Kultur ass eng Anäscherung oder all Zort vu Feierbegriefnes en Tabu, dowéinst huet dës Verwiesslung gréisser Welle geschloen. D’Police gouf och alarméiert, well e Méindeg schonn d’Urn mat dem falsche Verstuerwene bäigesat gouf. Et géifen awer keng Ermëttlungen ageleet ginn, esou d’Autoritéiten, well et keng Indicë géif ginn, datt hei mat Virsaz gehandelt gouf.
Déi Medezinesch Héichschoul vun Hannover huet sech iwwregens och entschëllegt: “Die MHH bedauert die Verwechslung zutiefst, unser Mitgefühl gilt den Angehörigen”, ass an engem Schreiwes ze liesen.