TripadvisorLëtzebuerg déi schéinst Haaptstad an Europa

RTL Lëtzebuerg
Enger Etüd no, an där 3 Millioune Kriticke vu 46 europäeschen Haaptstied analyséiert gi sinn, steet d'Stad Lëtzebuerg op Plaz 1 vum Ranking.
D'Stad Lëtzebuerg am Fréijoer 2026
D'Stad Lëtzebuerg am Fréijoer 2026
© Tom Nols

Nodeems op Tripadvisor méi wéi 3 Millioune Kriticken zu 46 europäeschen Haaptstied analyséiert gi sinn, steet d'Stad Lëtzebuerg op Plaz 1 am Klassement. An 18,15 Prozent vun de User-Commentairë kommen Ausdréck wéi "schéin" oder "iwwerwältegend" dra vir.

Leit, déi eis Haaptstad besicht hunn, ware besonnesch begeeschtert vun:

  • dem Mix aus neien an ale Staddeeler
  • de proppere Stroossen, duerch déi ee gutt goe kann
  • der waarmer a frëndlecher Atmosphär
  • dem gudden Iessen an de schéinen Aussiichten

Viru Kuerzem waren eréischt d'Kasematten um Bock mam Travelers’ Choice Award 2026 vun Tripadvisor ausgezeechent ginn.

Liest dozou:

Back to Top
CIM LOGO