
3 vu senge Membere waren esouguer Keeser vum Hellege Réimesche Räich.
Ee vun hinne war den Henri VII. dee mat grad emol 13 Joer Graf vu Lëtzebuerg gouf a schliisslech 1308 op den Troun vum Hellege Réimesche Räich koum.
De Charel I. vu Lëtzebuerg war de Bouf vum Jang de Blannen, deen een nach als Grënner vun der Schueberfouer kennen dierft. Hie gouf 1355 als Charel IV. zum Keeser gewielt.
De leschte Member vun der Dynastie vun de Lëtzebuerger um Keesertraun war dann am Joer 1433 de Sigismund vu Lëtzebuerg, deen trotz sengen Numm erstaunlech wéineg mat Lëtzebuerg ze dinn hat.
Dir wëllt méi iwwert d’Geschicht vu Lëtzebuerg a vum Haus Lëtzebuerg am Mëttelalter wëssen? D’Kolleege vun RTL Today hunn en Artikel mat alleguer den historeschen Detailer geschriwwen.