No VerurteelungLidl wëll a Frankräich an Zukunft op Reklammen am Fernsee verzichten

AFP, iwwersat vun RTL
43 Milliounen Euro muss Lidl engem Geriichtsurteel no un Intermarché bezuelen.
De Logo Lidl un engem vun hire Geschäfter zu Sheffield an England.
De Logo Lidl un engem vun hire Geschäfter zu Sheffield an England.
© KATY BLACKWOOD/NurPhoto via AFP

Lidl huet annoncéiert, a Frankräich an Zukunft op Reklammen op der Tëlee verzichten ze wëllen. Sechs Méint nodeem een zu enger Strof a Milliounenhéicht verurteelt gouf, dat wéinst ierféierende Geschäftspraktiken, huet déi franséisch Duechtergesellschaft vun der däitscher Chaîne annoncéiert, fir an Zukunft nach just wëllen an Onlinevideoen ze investéieren. “D’Risike si mam Bléck op d’Reglementéierung ze héich”, sot de Jassine Ouali vu Lidl France géintiwwer der Zäitschrëft “Stratégies”. Online-Videoen hätten e grousst Entwécklungspotenzial.

Déi franséisch Justiz hat Lidl am Juni 2025 zu enger Entschiedegung an Héicht vun 43 Milliounen Euro verurteelt, déi een un de Konkurrent Intermarché huet misste bezuelen. Grond fir d’Urteel war, datt Lidl mat Produite Reklamm gemaach huet, déi net iwwerall an net fir 15 Wochen ze kréie waren. Dës schreift awer eng Reegelung aus dem Joer 1992 vir. Lidl hätt sech schëlleg gemaach, ierféierend Geschäftspraktike genotzt ze hunn, heescht et an engem Urteel vum Appellsgeriicht, dat Lidl awer och ufechte wäert.

Am Zentrum vun der Uklo sti ronn 370 Reklammen, déi aus der Zäit tëscht 2017 an 2023 op der franséischer Tëlee gelaf sinn an an deene fir Produite mat engem attraktive Präis Reklamm gemaach gouf. En Indice, a wéi enge Geschäfter d’Produiten ze fanne gewiescht wieren, wier dem Riichter no ze verstoppt gewiescht.

Bis ewell huet Lidl ronn ee Fënneftel vu sengem Medie-Budget fir traditionell TV-Senderen ausginn. Dësen Deel soll dann an Zukunft komplett ewechfalen. Den ëffentleche Sender FranceTV huet vun engem “Signal, wat engem Suerge mécht” geschwat. De Budget fir Reklammen an de Printmedien wëll Lidl France awer bäibehalen.

Back to Top
CIM LOGO