Minnen erliewe wéi fréier"Lights of the Past" zu Rëmeleng an der Minn

Maurice Fick
Lea Schwartz
Eemol d'Joer kann een am Kader vu "Lights of Past" eng ganz speziell Erfarung an der Minn zu Rëmeleng maachen. Mat Gasluuchte kann een eng Visite guidée matmaachen, déi engem d'Realitéit vun de Minnenaarbechter méi no bréngt.

Et ass eng Rees net just an der Zäit, mee och déif ënnert de Buedem. D'Visitt an der Rëmelenger Minn ass ganz speziell, si gëtt nämlech just eemol d'Joer an dëser Form organiséiert.

"Eis Guiden, déi sech exzellent mat der Geschicht vun der Minn auskennen, weisen d'Minn an enger komplett anerer Konfiguratioun. All d'Luuchte ginn ausgeschalt, an d'Visiteure ginn an déi däischter Minn eran", erkläert d'Raffaella Campobasso. Si ass Chargée de direction vum Nationale Musée vun de Minnen zu Rëmeleng.

Genee do, an der fréierer Eisenäerzminn, mat enger Karbidsluucht als eenzeger Liichtquell, kënnen d'Visiteuren dëse Samschdeg, den 21. November, an e Sonndeg, den 22. November, bei dräi Visitten (ëm 14, 15 a 16 Auer) erliewen, wéi déi éischt Mineure sech Ufank vum 20. Joerhonnert ëmmer méi déif duerch de Fiels geschafft hunn, fir déi berüümt "Minett" ofzebauen.

© RTL

Zu Rëmeleng huet den Ofbau an der Minn 1891 ugefaangen. Am Ufank hunn d'Mineuren alles, wat si fir hir Aarbecht gebraucht hunn, aus der eegener Täsch misse bezuelen, zum Beispill d'Luuchten.

De George Pütz ass 74 Joer al, säi Bop an Urgroussbop hunn an der Minn geschafft an allen zwee hiert Liewen do verluer. Hien ass passionéiert vun dësem Deel vun der Lëtzebuerger Geschicht an ass ee vun de Guiden, déi d'Geschicht vun der Minn am beschte kennen an d'Konditiounen, ënnert deene geschafft ginn ass.

© Maurice Fick / RTL

An der Minn gëtt et och eng Nisch mat der Figur vun der Helleger Bäerbel. Si ass d'Schutzpatréinerin vun de Biergaarbechter. "All Biergaarbechter huet si beréiert, wann hie säi Schaffdag ugefaangen huet", erkläert de George Pütz. Si haten esou d'Hoffnung, besser virun Explosiounen, Äerdrutschen an och virum Doud geschützt ze sinn.

E Biergaarbechter huet ni eleng geschafft. "Hie krut d'Hëllef vun engem oder méi Hëllefsaarbechter, jee no Gréisst vun der Minn. Zu Rëmeleng huet een ëmmer zu zwee geschafft, also mat zwou Luuchten op engem Chantier. De Mineur war fir d'Sécherheet an d'Sprengaarbechte verantwortlech, also fir d'Ofsprenge vun den Explosivluedungen an de gebohrte Lächer. Den Hëllefsaarbechter huet sech ëm all déi aner Aarbechte gekëmmert", erkläert de Georges Pütz.

D'Aarbecht an der Minn war geféierlech. "Déi meescht Biergaarbechter ware Friemer: Polen, Italieener, Portugisen an nach vill anerer. Si sinn op Lëtzebuerg komm, fir e bessere Liewensstandard ze hunn", erkläert d'Raffaella Campobasso.

© Maurice Fick / RTL

D'Karbidsluucht: "E grousse Fortschrëtt fir d'Sécherheet vun de Biergaarbechter"

D'Karbidsluucht war eng Verbesserung fir d'Aarbechter. Virdrun hate si einfach Uelegluuchten. D'Karbidsluucht huet däitlech méi Liicht ginn ewéi déi einfach Uelegluuchten.

"Ausserdeem huet si Hëtzt ofginn. D'Mineure konnte sech d'Hänn waarm maachen, andeems si d'Luucht un de Won oder un eng Chandelle gehaangen hunn", erzielt de Georges. Eng Chandelle war de Poteau aus Holz, mat deem den Daach vun de Galerië geséchert gouf.

"Dat war e grousse Fortschrëtt fir d'Biergaarbechter a fir hir Sécherheet", erzielt de Georges iwwer d'Karbidsluucht. Den Daach gouf reegelméisseg mat enger laanger Staang kontrolléiert, fir nozefroen, ob sech Fielsstécker geléist haten. Andeems de Biergaarbechter mat der Staang géint de Fiels geklappt huet, konnt hie "lauschteren, wat de Fiels ze soen hat". E kloren Toun huet bedeit, datt de Fiels stabil war. Wann dat net de Fall war huet dat gewisen, datt sech e Stéck geléist hat. An deem Fall huet alles missen ofgeschloen ginn.

De Biergaarbechter gouf no der Quantitéit u Minett bezuelt, déi op d'Uewerfläch transportéiert gouf. Am Ufank vum 20. Joerhonnert konnte Biergaarbechter an Hëllefsaarbechter, wa si gutt geschafft hunn, fënnef bis sechs Ween den Dag, also ronn zwou Tonne Minett, ofbauen. Dat alles fir e ganz niddrege Loun. An den 1950er Jore louch de Salaire vun engem Biergaarbechter tëscht 160 an 250 Euro de Mount.

"Hei sinn Damplokomotive gefuer. Ee ka sech virstellen, wéi d'Ëmwelt an de Minnen deemools war, mat allem, wat d'Leit ageotemt hunn: Schimmel, Stëbs an Damp. Vill Biergaarbechter si wéinst Longenerkrankunge gestuerwen", esou de Georges Pütz.

Reservatioune fir eng Visitt vu "Lights of the Past" kënnen den Dag selwer op der Plaz gemaach ginn oder iwwer d'Internetsäit vum Musée national des mines

Back to Top
CIM LOGO