Bei Amazon ass SchlussMaacht Dir nach Homeoffice?

RTL Lëtzebuerg
Spéitstens zanter der Pandemie wëssen d'Leit, wat Homeoffice ass an zanterhier schaffe vill Leit vun doheem aus. Dir och?
© Pixabay

Eréischt am Juni huet d’Salariatskummer mat der Betterwork-Etüd Zuelen erausbruecht, datt den Teletravail zu Lëtzebuerg nach ëmmer verbreet a beléift bleift, och wa manner Leit am Homeoffice géinge schaffe wéi nach an der Pandemie.

Bei Amazon ass domat awer vu Januar u Schluss. Da setzt den Tech-Gigant erëm op de System wéi virun der Covid-Pandemie, an dat an alle Filialen op der Welt - och zu Lëtzebuerg, wou d’US-Entreprise ee vun de fënnef gréisste Patronen ass. Ma wéi ass et bei Iech? Maacht Dir Homeoffice oder denkt Dir och, datt et besser ass, wa jiddereen um Büro ass?

Back to Top
CIM LOGO