DäitschlandMann klaut am bayreschen Aschaffenburg Ambulanz mat Patientin dran

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police vu Würzburg e Mëttwoch matgedeelt huet, huet e Mann vun 31 Joer eng Ambulanz geklaut, déi virun engem Spidol stoung.
© AFP Archivbild

Iwwerdeems eng Fra an d’Spidol erabruecht gouf, war eng 22 Joer al Fra an der Ambulanz bliwwen. Si sollt u sech nees vun de Secouristen Heem gefouert ginn. Wéi d’Police schreift, hat e wuel “psychesch belaaschte” Mann erkannt, dass d’Ambulanz net zougespaart war. Hien ass kuerzerhand drageklommen an huet sech mam Gefier ewechgemaach.

D’Ambulanz konnt kuerz drop lokaliséiert ginn. De Mann konnt an der Géigend vun enger anerer Klinik festgeholl ginn, do wollt hien déi jonk Fra wéi et schéngt ofginn.

Den 31 Joer ale Mann stoung wuel och ënnert dem Afloss vu Medikamenter, hie gouf an e Spidol ageliwwert. Hie muss sech awer nach wéinst Sequestratioun an Déifstall veräntweren. Déi jonk Fra konnt nom Virfall wuelbehal Heem gefouert ginn.

Back to Top
CIM LOGO