
Den Airbus 321 mat insgesamt 200 Mënschen u Bord war kuerz virun der Landung zu Daegu e Freideg am Nomëtteg lokaler Zäit, wéi e Mann, dee beim Noutausgang souz, d’Dier vun dësem bemol opgemaach huet. Schwéier blesséiert gouf dobäi keen, 12 Persounen hunn hyperventiléiert, 9 Leit koumen zu Daegu an d’Spidol wéinst Otemproblemer.
Experten no wier de Virfall “immens bizar”, well et technesch gesinn u sech onméiglech wier, dës Diere wärend dem Fluch opzemaachen.
Wéi et vun der südkoreanescher Police heescht, gouf de Mann festgeholl.