
Wéi den australesche Sender ABC schreift, hätt de Mann am Februar bei der Post am Bundesstaat Westaustralien 23 als “Kichelcher fir Vältesdag” deklaréiert Päck ofginn. Opgeflunn ass hien deemno, wéi ee vun de Päck gerass ass an de richtege Contenu e Postbeamte getraff huet.
Eng psychiatresch Expertis huet erginn, datt den op de Philippinne gebuerene Mann ënnert enger Stéierung vu senger Impulskontroll leit. Donieft huet säi Affekot betount, datt hien d’Acteuren net hätt wëlle belästegen, mä an Australien lackelen a mat hinne seng “Leidenschaft fir d’Ëmwelt” deelen.
De Riichter hat awer nëmme begrenz Versteesdemech fir d’Verhale vum Mann, dee sech viru Geriicht am nordwestaustralesche Broome schëlleg bekannt hat. Hie gouf zu zwee Joer Prisong op Sursis verurteelt. De Mann hätt de Betrib vun der Post “erhieflech” duercherneebruecht, sot de Riichter dem Sender ABC no.