
Wéi et vun der Police heescht, hätten de Mann an eng Partie aner Passanten eng Dier vum Zuch opgerappt. E puer Persounen wieren doropshin an den Zuch geklommen. Ma wéi de Mann probéiert hätt eranzeklammen, wier hie gefall an ëm d’Liewe komm, ewéi hien tëscht dem Zuch an dem Quai ageklemmt gouf.
D’Police huet eng Enquête an d’Weeër geleet.