Ze vill Drogen am SpillMann verbrennt Virementen a grillt sech e Poulet an enger Bank zu Görlitz

RTL Lëtzebuerg
Do mussen nawell vill Leit zimmlech domm dragekuckt hunn, wann op eemol matten an der Bank een e Lagerfeier umécht, fir sech eppes ze kachen.
© AFP Archivbild

An enger Bankfilial am sächsesche Görlitz ass dat genee sou geschitt. Do ass e Mann vu 36 Joer e Sonndeg erakomm, huet mat Hëllef vu Virementsziedelen, déi hien ugefaangen huet, probéiert e Poulet ze grillen. Hie stoung ënner Drogen, wéi déi alarméiert Police spéider festgestallt huet. En Test huet positiv op Amphetaminnen ugeschloen.

Et hat schonn net méi gebrannt, wéi d’Police ukomm war. De Schued beleeft sech dann awer op 800 Euro, sou nach d’Police.

Back to Top
CIM LOGO