Zanter iwwer 60 Joer gëtt et um Lampertsbierg, vis-à-vis vum Glacis, de Groussen Theater. Am Joer 2002 gouf dëse komplett renovéiert, fir am September 2003 seng Diere fir de Public erëm opzemaachen. Nieft engem grousse Sall fir iwwer 900 Leit gëtt et och e Studio, wou tëscht 100 a 400 Spectateure Plaz fannen.
Um éischte Stack ginn et zwee Baren. Fir dës z’exploitéieren, sichen déi Responsabel vum Groussen Theater no Personal.
“Mir si frou, wann ee mat engem Konzept kënnt, wat ugepasst ass un den Theater. Mir sinn eng Plaz, wou d’Leit sech zesummefannen, fir eppes z’erliewen. Fir dass dat Erliefnis och iwwer d’Virstellung eraus geet, op virdrun oder duerno, ass et wichteg, dass d’Leit sech wuel fillen. De Service muss och effikass sinn. Wei zum Beispill an enger Paus, wou ee just 20 Minutten huet”, esou de Tom Leik, Direkter vum Groussen Theater.
Genuch Personal an den néidegen Know-How wäre fir dësen Job wichteg, esou nach den Direkter. “Et soll een och kënnen de Leit eppes ubidden, wat de Leit schmaacht. Wat séier geet. Eppes Originelles mat erabrénge wär och net schlecht”, sou den Tom Leik. Kreativitéit an eng flott Iddi, wéi een de Raum notze kann, sinn och vu Virdeel.
“Et ass fir eis e ganz wichtegen Aspekt, dee Bar flott a convivial anzeriichten. Dee Lieu soll belieft sinn a minimum eng Stonn virdrun an eng Stonn no de Virstellunge muss op sinn”.
Bis de 5. Januar 2026 kann ee sech mellen. Informatioune kritt een op vdl.lu.
Spéitstens vum 1. Mäerz 2026 u sollen déi zwee Baren um 1. Stack vum Groussen Theater fir de Public opgoen.