Sci-Fi-Klassiker aus den 80erModell-Figur aus dem Film "E.T." fir 2,6 Milliounen Dollar versteet

RTL Lëtzebuerg
Un der Figur léisst sech bal alles beweegen. Vun den Aen iwwert den Hals bis an d'Fangerspëtzen ass de Modell op 85 Plaze beweeglech.
© AFP/Frederic J. BROWN

Den E.T.-Modell aus dem Steven Spielberg sengem Kult-Film aus dem Joer 1982 ass fir ëmgerechent 2,5 Milliounen Euro versteet ginn. De mechatronesche Modell koum bei enger Auktioun de Weekend zu Beverly Hills ënnert den Hummer, wéi d’Autkiounshaus “Julien’s Auctions” matgedeelt huet. De Vëlo, deen am Film zum Asaz koum, huet eng 115.000 Dollar abruecht.

Bei der grousser Auktioun goufen eng sëllege Film-Requisitë versteet, Ënnert den 1.300 Objete waren ënnert anerem och dem Robert De Niro seng Boxhändchen aus dem Film “Raging Bull” (“Wie ein wilder Stier”), dem Chris Hemsworth säin “Thor"-Hummer an dem Harry Potter säi Biesem, dee fir 128.000 Dollar de Besëtzer gewiesselt huet.

Dem Charlton Heston säi Staf, mat deem hien am Film “The Ten Commandments” (Die zehn Gebote”) vun 1956 dat Rout Mier gedeelt huet, huet souguer d’Zomm vu 448.000 Dollar abruecht.

Back to Top
CIM LOGO