
D'Police ass natierlech elo op der Juegd no de Muschel-Brigangnen, déi méi wéi 400.000 Austere matgoe gelooss hunn an engem Gesamtwäert vun 350.000 australeschen Dollar (ëmgerechent gutt 214.000 Euro). Wéi d'Police vum südostaustralesche Bundesstaat New South Wales e Mëttwoch bekannt ginn huet, wiere ganzer 300 Säck op enger Asuterefarm net wäit vu Sydney ewech, geklaut.
D'Beamten hunn d'Ëffentlechkeet ëm Hëllef gefrot a sinn dankbar fir all Hiweis.