
Wëssenschaftler hoffen, datt d’Opnamen dobäi hëllefen, de geneeën Grond vum Ongléck eraus ze fannen. Déi nei Opnamen goufen am Summer zejoert gemaach. Iwwer 200 Stonnen hunn U-Booter d’Wrack ënnersicht an iwwer 700 Dausend Biller gemaach.
Bei der Katastroph am Abrëll 1912 waren ronn 1.500 Passagéier a Crew-Memberen ëm d’Liewe komm, wéi d’Schëff vu Southampton a Richtung New York am Nordatlantik mat engem Äisbierg kollidéiert ass. D’Wrack läit zanterdeem op ronn 4.000 Meter Déift.