GroussbritannienNei Geldschäiner mam Portrait vum Kinnek Charles III. virgestallt

RTL Lëtzebuerg
Déi nei Geldschäiner solle Mëtt 2024 an Ëmlaf kommen, wéi déi brittesch Zentralbank en Dënschdeg erkläert huet.

Vun deem Ament un ass dem Charles säi Portrait dann op alle Schäiner vu 5, 10, 20 a 50 Pond. Fir de Recht bleift den Design onverännert.

D’Schäiner mat dem Portrait vun der Queen Elizabeth II bleiwen awer weiderhi valabel. Déi nei Schäiner sollen deemno just ofgenotzte Schäiner no an no ersetzen.

Back to Top
CIM LOGO