"My body, my choice"Neien TikTok-Trend - Message net verstanen?

RTL Lëtzebuerg
Op der Plattform TikTok ass zënter Kuerzem en neien Danz mat engem Kleederbigel am Ëmlaf. D'Bedeitung vum Kleederbigel geet hei awer deels komplett ënner.
© Céline Spithoven/RTL

Et geet ëm de sougenannte “My body, my choice"-Trend. Op Lëtzebuergesch also “Mäi Kierper, meng Entscheedung”. Dëse Slogan gëtt weltwäit ëmmer rëm bei Protester an a feministesche Beweegunge genotzt. Dat och, wann et zu Diskussiounen an Entscheedunge ronderëm d’Ofdreiwung kënnt. Eng Partie Beweegunge setze sech mat “My body, my choice” dofir an, d’Ofdreiwung ze legaliséieren, well et d’Recht vun der schwangerer Fra wier, iwwert hiren eegene Kierper ze entscheeden.

Rezent huet een de Slogan da weltwäit a vill op Protester an den USA gesinn. Hei gouf jo viru Kuerzem eng Entscheedung vum Ieweschte Geriichtshaff getraff, déi et all Bundesstaaten erméiglecht, selwer iwwert e Recht op Ofdreiwung ze entscheeden.

Och op der Video-Plattform TikTok gouf d’Entscheedung vum Ieweschte Geriichtshaff an de Sujet Ofdreiwung vill diskutéiert. De 27. Juni dunn gouf en Toun kreéiert. Hei ass am Ufank en Ausschnëtt vun der amerikanescher Sängerin Billie Eilish ze héieren , wéi si “My body, my f***ing choice” op engem Concert an de Mikro jäizt. Kombinéiert gouf dësen Ausschnëtt mam Lidd “Power” vun der brittescher Frae-Band Little Mix. Am Text vum Lidd heescht et “You’re the man, but I got the power”, also “Du bass de Mann, mee ech hunn d’Muecht”.

Dëse Sound huet dunn ganz séier den Tour op TikTok gemaach. Jonk Meedercher a Frae setze sech an normaler Kleedung mat engem Kleederbigel op e Stull, maachen d’Been auserneen an hunn da bemol e schickt Kleed un. Där Videoe fënnt een elo masseg a se gi Millioune Mol gekuckt.

D’Bedeitung hannert dem Slogan oder dem Kleederbigel gëtt awer net an all Video opgegraff. De Kleederbigel huet an der Diskussioun ronderëm d’Ofdreiwungs-Gesetz nämlech eng wichteg Roll. Dësen an och aner spatz Géigestänn goufe fréier a ginn och haut nach an Länner, wou d’Ofdreiwung weiderhi verbueden ass, genotzt, fir d’Schwangerschaft selwer ofzebriechen. Heibäi kann d’Fra sech sëlwer schwéier blesséieren, onfruchtbar ginn oder souguer stierwen.

De Kleederbigel ass also net einfach e witzegen TikTok-Trend, mee ass e wichtegt Symbol an der ganzer Diskussioun ronderëm d’Ofdreiwungsgesetz. Ma d’Opklärung geet op TikTok awer deels komplett ënner. Sou schreift dës bekannt Influencerin ënnert hire Video: Der Trend hat mich in Rage versetzt, aber ich liebe ihn” a mécht duerno nach Pub fir hiren Instagram-Account. De Message, deen hannert dem Trend stécht, ass awer néierens ze fannen. An dëst ass just ee Beispill vu villen.

Ma ignoréiert gëtt de Message awer net vu jidderengem. Nieft deenen Notzer an Influencer, déi dem Trend einfach nolafen, setze sech anerer konkret dofir an, de Message dohannert opzeklären.

Back to Top
CIM LOGO