
De Frank Siragusa wëll sech dat net bidde loossen an huet geklot. Hie reprochéiert der Firma Taco Bell “onfair an täuschend Geschäftspraktiken”.
D’Mexican Pizza ass eng Mëschung aus Pizza an Taco. Se besteet aus zwou Deegsäite mat dotëscht enger Fëllung aus Gehacktes a Bounen a verschiddenen Zorte Kéis, Zosen an Tomatestécker.
Hätt hie gewosst, dass nëmmen d’Hallschent vun den Ingredienten op der Pizza ass, wéi um Bild vun der Reklamm, hätt hien déi 5,49 Dollar (ronn 5 Euro) net bezuelt, heescht et an de Klo. “D’Konsumente kréien e Produit, dee manner wäert ass wéi versprach”. Dëst wier am Hibléck op ëmmer méi deier Liewensmëttelpräisser besonnesch enttäuschend.