
E Freideg waren zu Euskirchen Noutdokteren an d’Police zu engem méi ongewéinlechen Asaz geruff ginn. Ursaach wier eng “Hot Chip Challenge” vu Schüler aus engem 5. Schouljoer gewiescht, sou d’Police. Déi schaarf Maistortilla-Chips wieren eréischt vun 18 Joer un erlaabt, ma zwee néng an eelef Joer al Schüler hate se aus engem Kiosk matgoe gelooss.
“Dës Chipse si wéi et schéngt ganz, ganz staark gewierzt an extrem schaarf”, warnen déi Responsabel vun der Schoul nom Virfall op hirer Homepage. Dem Noutdokter no kéint d’Consommatioun fir Kanner ganz geféierlech sinn. Wann de Polver an d’Aen kënnt, kéinten dës geschiedegt ginn. Glécklecherweis wier an dësem Fall awer näischt Schlëmmes geschitt. Déi meescht Kanner wiere mat engem Schreck dervukomm. Verschiddener hätten de Bauch wéi gehat an hätte misse behandelt ginn. Der Police no goufen och Schüler wéinst Irritatioune vun der Haut an den Otemweeër behandelt.