
Dat hält si awer net dovun of, all Dag op engem vun den 3 Pianoen, déi an hirer Stuff stinn, ze üben. An engem Gespréich mat der Noriichtenagence AFP sot si, dass de Piano fir si eppes ewéi e Frënd wier, an dass si all Dag übe misst.
Den Ament schafft si dann och un hirem siwenten Album. Dësen dréit de passenden Titel “108 Joer Piano” .
D’Colette selwer seet, dass Yoga a Fanger-Übungen hir dobäi hëllefe géifen, flénk genuch ze bleiwen, fir Piano ze spillen. Ausserdeem hätt d’Danze si jonk gehalen.