De Marcel huet mat Ozempic 25 Kilo ofgeholl, d’Cathy knapp 20, d’Nadine 8, de Jean-Paul 32 Kilo. Dat sinn nëmmen e puer vun den Zuelen, déi mir als Äntwert op eisen Opruff op RTL.lu genannt kritt hunn.
Et geet ëm eng Sprëtz, déi an de leschte Jore fir Problemer am Gesondheetswiese gesuergt huet. Ozempic ass ee rezeptflichtegt Medikament, dat eigentlech fir d’Behandlung vun Diabetes Typ 2 agesat gëtt. Et huet awer wéinst eppes anerem u Popularitéit gewonnen, d’Sprëtz gëllt nämlech als Wonnermëttel fir ofzehuelen.
Mir ginn op d’Joer 2023 zeréck: een Ofhuel-Trend mat Ozempic huet sech duerchgesat. Virop op de soziale Medie weisen Influencer hir “Vorher/Nachher"-Resultater an d’Nofro bei de Leit klëmmt.
Weltwäit gëtt souguer eng Penurie vum Medikament ausgeléist. Den Hiersteller kënnt net méi no mat der Produktioun an Diabetiker hunn op eemol Schwieregkeeten, un hir liewenswichteg Medikamenter ze kommen.
Doropshi gouf reagéiert, dat och zu Lëtzebuerg. Per Arrêté ministeriell huet een am Januar 2024 d’Verschreiwung an de Verkaf vu Medikamenter wéi dem Ozempic limitéiert. Dës dierfte just nach, den Indikatiounen entspriechend, u Patiente mat Diabetes Typ 2 verschriwwe ginn.
Zwee Joer drop huet sech d’Situatioun gréisstendeels berouegt. D’Demande bleift grouss – d’Produktioun vum Medikament gouf awer eropgefuer an d’Apdikten hunn opgestockt. Deementspriechend gouf och hei am Land d’Limitatioun, déi nach bis Juni zejoert gegëllt huet, vun der Direction de la santé opgehuewen.
An engem Interview mat RTL am November 2025 huet d’Dr. Anna Chioti, Chef de Division fir Apdikten a Medikamenter bei der Santésdirektioun, erkläert, datt d’Santé weiderhi recommandéiert, d’Medikament just un Diabetes-Patienten ze verschreiwen.
“Et ass legal, et fir aner Zwecker ze verschreiwen, et gëtt awer net recommandéiert. All Medikament soll den Indikatiounen entspriechend, also fir wat et iwwerhaapt op de Marché koum, verschriwwe ginn. An am Fall vun Ozempic ass et fir Diabetes Typ 2. Donieft ginn et den Ament genuch Alternativen um Marché, déi fir Ofhuel-Zwecker indiquéiert sinn”, sou d’Doktesch.
Et dierft een och net vergiessen, datt d’Medikament och zum Deel staark Niewewierkungen huet, duerfir kritt een et och just mat Ordonnance vum Dokter. Et soll een et op kee Fall Medikamenter um Internet kafen oder se huelen, ouni medezinesche suivéiert ze ginn.
Ma d’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) gesäit d’Notze vun de Medikamenter wéi dem Ozempic, déi den Ament nach fir Diabetes Typ 2 indiquéiert sinn, e wéineg anescht. An engem Communiqué vum 1. Dezember 2025 huet d’WHO matgedeelt, d’Behandele vun iwwergewiichtege Patiente mat Ozempic-änleche Medikamenter ze recommandéieren.
Wat stécht also hannert deem Hype a wie sinn déi Leit, déi d’Sprëtz trotz Limitatioun, Recommandatioun a Niewewierkungen huelen? Eng Persoun, déi sech op eisen RTL-Opruff gemellt huet, huet ganz oppen iwwert d’Thema geschwat an eis hir Geschicht erzielt.
Viru véier Joer hat d’Sandrine Massard nämlech nach 135 Kilo. Enn 2025 waren et der knapp 100.
Ugefaangen huet dat Ganzt mat der Diagnos PCOS, also polyzystesch Eeërstack – eng hormonell Krankheet, déi bei Frae villerlee Symptomer ausléist, ënner anerem och eng Insulin-Resistenz, duerch déi een dacks zouhëlt.
D’Sandrine huet 2022 Ozempic verschriwwe kritt a mat der klengster Dosis ugefaangen. Säin Temoignage iwwert d’Behandlung mam Medikament, esou wéi weider Informatiounen dozou, fannt dir am Reportage.