Éischte Stärepark zu LëtzebuergPëtschent gëtt éischt "Dark Sky Community" zu Lëtzebuerg

Ian Pocervina
D'Kandidatur vun der Gemeng Pëtschent als "International Dark Sky Community" (IDSC) gouf offiziell ugeholl.
© Conny Koob

Ënnert dem Numm “Stärepark Pëtschent” gëtt d’Gemeng en Deel vun engem weltwäiten Netzwierk, dee sech fir de Schutz vum natierlechen Nuetshimmel asetzt. Mat der Unerkennung gëtt déi jorelaang Aarbecht vun der Gemeng, fir manner Liichtverschmotzung an eng méi nohalteg Beliichtung ze promouvéieren, offiziell honoréiert.

D’Kandidatur war vum Naturpark Our ausgeschafft an zesumme mat der Gemeng op de Wee bruecht ginn.

Wéi d’Gemeng an engem Communiqué ervirhieft, hätt een an de leschte Joren zesumme mam Liicht-Beroder vum Naturpark Our verschidde Mesuren ëmgesat, fir d’Liichtverschmotzung an der Nuecht däitlech ze reduzéieren. Dozou gehéiert ënner anerem d’Ëmstelle vun der Stroossebeliichtung op ofgeschiermten LED-Luuchten an eng méi niddreg Beliichtung wärend der Nuecht. Parallel dozou wier d’Bevëlkerung duerch eng Rei Atelieren intensiv sensibiliséiert ginn, fir e “responsabelen Ëmgang” mat privater Beliichtung dobaussen ze léieren.

D’Beliichtung am Duerf gouf am Virfeld mat der Hëllef vun Dronen erfaasst. Nei Moossapparater sollen elo d’Situatioun op laang Dauer analyséieren.

Op engem lokale Waasserbaseng ass 2023 och eng Kamera installéiert ginn, déi an der Nuecht de Mosaik vun de Stären iwwer dem Naturpark ophëlt. D’Biller déngen der Wieder-Observatioun an der Iwwerwaachung vun der Hellegkeet, fir d’Liichtverschmotzung an hir Quellen ze dokumentéieren. Ze gesi sinn ënner anerem Stärebiller, d’Mëllechstrooss, Planéiten an och Satellitten oder Meteoritten.

D’Opname sinn um Site liichtberodung.lu fräi zougänglech.

© Conny Koob

An de kommende Jore sinn dann och weider Aktivitéiten am “Stärepark Pëtschent” geplangt, dorënner Owender, fir d’Stären ze observéieren a Workshoppen iwwer nohalteg Beliichtung.

DarkSky International huet eegenen Donnéeën no mëttlerweil iwwer 250 sougenannten “Dark Sky"-Lokalitéiten zertifiéiert. Dës Schutzgebidder uechter 22 Länner, verdeelt op sechs Kontinenter, decken eng Fläch vun iwwer 196.000 Quadratkilometer of. D’Organisatioun gouf 1988 gegrënnt an huet streng Krittären etabléiert, déi eng Gemeng erfëlle muss, fir kënnen Deel vun der interantionaler Communitéit ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO