
D’Leit, déi Zeie vun de “Nackedeie” goufen, hu sécher net schlecht gestaunt. Matten am Dag sinn do op eemol néng plakeg Männer duerch d’Stroosse vu Kleve gelaf. Wat et mat de “Flitzer” op sech huet, dozou gëtt et puer Theorien. Op Videoe gesäit ee si op alle Fall mat Turnschong duerch den Zentrum lafen, um Enn an en Auto mat hollännesche Placke klammen a fortfueren. Geschitt ass dat Ganzt e Méindeg am Nomëtteg.
Wéi d’Police elo mellt, ginn d’Videoen elo no an no geläscht. Et geet een dovun aus, dass et sech bei der Aktioun entweder ëm en Challenge handelt, eng verluere Wett oder e Social-Media -Trend.