
E Samschdeg am Nomëtteg huet d’Police d’""Metalheads” opgefuerdert sécherzestellen, datt se hir Heemrees niichter an ouni den Afloss vun Alkohol an anere Substanzen untrieden”. D’Police wäert nämlech e Sonndeg gréisser Verkéierskontrollen duerchféieren.
Donieft wier et awer och nach wichteg, datt d’Chaufferen hir Gefierer virum Start vun hirer Heemrees gréisstendeels vu Bulli an Dreck befreien, sou d’Policedirektioun vun Itzehoe an engem Schreiwes. Dëst wier néideg, “fir eng Verschmotzung vun der Strooss, mä awer och méi uerg Beschiedegungen um eegene Gefier, ze verhënneren”. D’Streck, déi d’Automobiliste bis op d’Autobunn musse fueren, gouf esou geplangt, datt d’Gefierer méi e wäite Wee iwwer Land musse fueren, fir datt d’Gefierer sech propper fueren.
De Wacken Open Air 2023 geet no véier Deeg an der Nuecht op e Sonndeg op en Enn. De Festival hat e Mëttwoch ugefaangen. Duerch de ville Reen war um ganzen Terrain vum Festival extreme Bulli entstanen, sou datt um Enn net all d’Leit mat engem Ticket konnten deelhuelen. Si kréien hir Suen awer zeréck, dat hat den Organisateur matgedeelt.