Rheinland-PfalzPolizisten informéieren Dialysepatientin iwwert eng Spender-Nier

RTL Lëtzebuerg
En ongewéinleche Policeasaz gouf et zu Linz. En Dokter war net un eng Patientin komm, fir hir matzedeelen, dass se eng Nier fir se fonnt hunn.

Et war awer dréngend, dofir gouf d’Police mat agebonnen. Zwee Beamten hu sech op de Wee gemaach an d’Fra doheem ugetraff. Si hunn hir déi wichteg Noriicht matgedeelt, a si wier iwwerglécklech gewiescht, sou d’Beamten an hirem Rapport. Dat wier emol e schéinen Asaz gewiescht, heescht et weider.

Back to Top
CIM LOGO