
D’däitsch Police krut géint 14.20 Auer gemellt, dass zu Ochtum Park am niedersächsesche Stuhr-Brinkum Nord en Onbekannten an engem Buttek geklaut hätt. Hien hätt am Buttek e puer Jacketten iwwerteneen ugedoen an hätt sech esou duerch d’Bascht gemaach. Bezuelt huet hien net.
Dat huet och en Zeien am Buttek gesinn, d’Police alarméiert an ass dem Mann vun ongeféier 30 Joer nogaangen.
Wéi d’Beamten ukoumen, konnt den Zeien hinnen net just soen, a wéi eng Richtung de Brigang gelaf ass, mä och, wéi hien ausgesinn huet. Eng Polizistin huet de Flüchtegen doropshin op enger Bundesstrooss entdeckt. Si ass him nogelaf, krut awer vun engem hëllefsbereete Passant e Vëlo geléint, fir deem Onéierleche méi séier hannendrun ze kommen.
Gepëtzt gouf hien um Enn um Parking vun enger Bäckerei a koum mat op de Policebüro. De Passant krut säi Vëlo nees zeréck an extra Merci gesot.