
De Mann, dee keen Dach iwwert dem Kapp huet, hat d’Nuecht warscheinlech an engem Container fir Pabeier verbruecht a war am Drecksauto gelant, wéi de Container eidel gemaach gouf. Hien hat doropshin no Hëllef geruff, ma d’Aarbechter haten um Ufank net erausfonnt, wien do ruffe géif.
Eréischt wéi d’Riff beim nächste Stopp nach ëmmer ze héiere waren, hate si hannen am Won nogekuckt an de Mann entdeckt. De Knascht hat missen deelweis aus dem Won erausgeholl ginn, fir de Mann ze befreien. Dëse gouf mat enger Blessure um Been an d’Spidol bruecht.
22 Pompjeeën a Secouriste ware bei der Aktioun am Asaz.