
Et hat alles sou schéin ugefaangen. Eng Spillschoulsjoffer bestit den zukünftege Kinnek. 750 Millioune Leit si weltwäit via Liveiwwerdroung op der Tëlee dobäi, wéi d'Diana Spencer 1981 dem Prënz Charles zu London d'Jowuert gëtt. An d'Braut mécht duerno dat, wat vun hir erwaart gëtt. "An heir and a spare" kommen op d'Welt. En Trounfollger an en Ersatzmann, sollt en néideg sinn.

Dat jonkt Bestietnis kritt awer séier Rëss. Op der enger Säit den traditionellen Charles, bësse steif a verstëbst, op där aner Säit dat modernt Diana, dat neie Schwong an de Palais brénge wëllt an d'Blécker op sech zitt, wat dem Prënz sou guer net schmaache wëllt. Dotëscht seng fréier On-Off-Frëndin Camilla Parker Bowles, zu där hien weider Kontakt hält. Si waren zu Drëtt an deem Bestietnis, seet d'Diana spéider.

Geschwë kommen allméiglech Gerüchter op. Bulimie, Depressiounen, Suizidversich an Affären op béide Säiten. E Rousekrich fänkt un, deen iwwer d'Medien ausgedroen an heemlech vu béide Säite gefiddert gëtt. Et konnt net gutt goen. 1992 reagéiert d'Kinnekshaus an ordonéiert d'Trennung. Vu Scheedung gëtt do awer nach net geschwat. Dofir vu Friemgoen. D'Yellow Press an d'Paparazzi drummen Iwwerstonnen.

Den 28. August 1996, haut virun 30 Joer, annoncéiert d'Queen Elizabeth II. schlussendlech d'Scheedung vun Charles an Diana. Käschtepunkt bei den Autoritéiten: 20 englesch Pond. Hirer elo Ex-Schnauer hat d'Kinnigin schonn eng Woch virdrun den Titel vun der "Royal Highness" ofgesprach. D'Diana ass rëm eng Biergerlech. Si këmmert sech duerno ëm hir vill sozial Projeten, versicht no hire Bouwen ze kucken a stierft Enn August 1997 zu Paräis zesumme mat hirem neie Frënd an engem Autosaccident.

Fir den Charles an d'Camilla gëtt et e spéiden Happyend. 2005 bestuede si sech a ginn 2022, nom Doud vun der Queen Elizabeth II., Kinnek a Kinnigin vu Groussbritannien.
