
24 ekonomesch Missiounen huet d’Prinzessin Astrid an de leschten 12 Joer fir eis Nopere geleet. Op Grond vun engem Avis vun hirem Dokter awer huet si elo d’Demande beim hirem Brudder dem Kinnek Philippe gestallt, fir vun dëser Fonctioun ofgezunn ze ginn. Esou zitéieren déi belsch Medien e Schreiwes vum Palais royal.
Deemno hätt hire Brudder dann och d’Demande ugeholl an huet hir Merci gesot, fir d’Aarbecht, déi si fir d’Belsch geleescht huet. Hir Roll iwwerhëlt dann elo d’Fra vum Philippe d’Kinnigin Mathilde, éier hir Duechter Elisabeth, d’Nummer 1 an der Trounfolleg, dës Aufgab iwwerdroe kritt. Aktuell mécht d’Prinzessin nämlech nach hire Master a “Public Policy” op der Harvard Kennedy School.