
Virun 8 Deeg hat si de de Fraktiounschef vun der rietsliberaler ACT-Partei David Seymour am Kader vun enger Debatt als “arrogant prick” op Lëtzebuergesch also als “arroganten Aarsch” bezeechent.
Eigentlech wollt d’Ardern dës Bemierkung net haart soen, mä nëmme fir sech selwer pësperen. Ma de Mikro vun hirem Pult war nach un an den Ausdrock war dowéinst am ganze Parlament ze héieren. Déi neiséilännesch Premierministesch huet sech antëscht fir hir Bemierkung entschëllegt a si an de Seymour hunn dat Bescht aus der Situatioun gemaach.
Si hunn nämlech de Protokoll vun der Sessioun an där den Ausdrock gefall war, ënnerschriwwen an et fir e gudden Zweck versteeë gelooss. Dobäi koumen 100.000 Neiséilännesch Dollar, also ëmgerechent ronn 59.000 Euro, fir déi neiséilännesch Prostatakriibs-Fondatioun zesummen.