Ënnergang vun enger Traditioun?Pubs an Irland stierwe lues a lues aus

RTL Lëtzebuerg
An Irland maachen ëmmer méi Pubs hir Diere fir ëmmer zou. Den zoustännege Verband Drinks Industry Group of Ireland publizéiert Chifferen a schléit Alarm.

Zënter 2005 ass d’Zuel vun de Caféen ëm wéi e Véierel zréckgaangen. A verschidde Regioune läit de Réckgang souguer bei ronn engem Drëttel.

D’Corona-Pandemie an elo d’Inflatioun hunn d’Evolutioun acceleréiert. De Verband fuerdert, datt d’Alkoholsteier reduzéiert gëtt. Virun allem fir Familljebetriber ënnert d’Äerm ze gräifen. “Mir hunn eng vun den héchsten Alkoholsteieren op der Welt an déi zweethéchst a ganz Europa, obwuel de Secteur d’Häerz vun der Tourismusbranche ass”, kritiséiert d’Cheffin vum Verband, d’Kathryn D’Arcy.

Datt et ëmmer manner Caféë gëtt, ass keen iresche Phänomen. Och a Lëtzebuerg gëtt et mol net méi hallef sou vill Bistroen ewéi an de 70er Joren.

Back to Top
CIM LOGO