D’kanaresch Insele gehéieren nieft Ägypten, Dubai an dem Cap Vert weider zu de beléiftste Reesdestinatiounen. Mee och Citytrips mam Fliger ginn Enn dës Joers hei am Land verstäerkt gebucht. Déi national Fluchgesellschaft kann, eegenen Aussoen no, ëm d’Chrëscht- an Neijooschzäit ronn 3 Prozent méi Passagéier begréissen.
Bei de Lëtzebuerger Reesagencen geet d’Zuel vun de Buchungen ëm dës Zäit net onbedéngt an d’Luucht. Wärend der Corona-Pandemie wieren d’Leit méi spontan verreest. Mëttlerweil géif de Gros awer nees, wéi viru Covid, méi laang am Viraus Vakanze reservéieren. Déi méi bëlleg Last-Minute-Offere wieren och ëmmer méi rar, heescht et.
Eng Wanter-Destinatioun, déi iwwert déi lescht Joren ëmmer méi Interessi kritt hätt, wier Lapland, wou een zum Beispill de “Santa” kéint begéinen an en Ausfluch mat de Rendéiere kéint maachen.
Bei ville Lëtzebuerg steet um Enn vum Joer awer och Wantersport um Programm. Hei spillen d’Agencen eng manner grouss Roll, ausser wann et ëm Club Med geet. Déi meescht Leit reservéiere fir d’Schivakanz eenzel hiren Hotel a fuere mam Auto dohin.
Bestëmmten Destinatioune vun deene strikt ofgerode gëtt, géifen et momentan net ginn. Et géif een awer mierken, datt d’Leit vu sech aus momentan manner un den USA intresséiert wieren.