
Vältesdag kann net just romantesch sinn, mä bréngt dacks och d’Erënnerung un e fréiere Partner mat sech. Fir sech u sengem oder senger Ex ze rächen, huet sech en Zoo am texanesche San Antonio eng éischter ongewéinlech Aktioun afale gelooss.
Bei der Vältesdag-Aktioun “Cry Me A Cockroach”, also “Kräisch mir eng Kakerlak”, kënne Kakerlaken oder Raten nom Ex-Partner benannt ginn, déi dann un Déieren am Zoo verfiddert ginn.
Eng Kakerlak mam Numm vum Ex zesumme mat enger digitaler Kaart an engem perséinleche Message kascht zéng Dollar. Keeft een eng Rat, déi a Saache Romantik e Symbol vu Verrot an Affären duerstellt, erhéicht sech den Don op 25 Dollar. Déi vegetaresch Variant aus Zalot, Mais an Hee kascht nëmme fënnef Dollar.
Fir 150 Dollar bitt den Zoo vu San Antonio esouguer un, d’Gestëppels op Video opzehuelen. “Mir huele wärend dem Verfidderen e perséinleche Video vun denger Kakerlak, Rat oder dengem Geméis op, deens du dengem Net-Häerzensmënsch schécke kanns. Natierlech nëmme jugendfräi Contenuen”, versprécht den Zoo.
Ënnert dem Hashtag #CryMeACockroach, ënnert deem vill US-Bierger hir romantesch Revanche deelen, leien an der Saison 2023 bis ewell d’Nimm Matt, John a Michael vir. Bei de weibleche sougenannte “Love Rats” streide sech d’Nimm Emily, Sarah an Ashley ëm déi onfräiwëlleg éischt Plaz.