
Wie richteg spuere wëll, sollt domat ufänken, sech en Haushaltsbudget z’erstellen. Et geet drëms, Revenu an Ausgaben opzeschreiwen a sech e Bild vu sengen Ausgaben ze verschafen. Hei falen dacks schonn déi éischt Depensen op, déi ee sech eigentlech spuere kann. Brauch ee wierklech Abonnementer bei all de Streamingdéngschter? Muss ee sou dacks an de Restaurant goen? Brauch een zousätzlech Späicherplaz op ICloud a Co.? Déi Froe sollt ee sech stellen.
Besonnesch wichteg ass et, Implus-Keef ze evitéieren. Et soll een zum Beispill ni hongereg akafe goen, well een da riskéiert, méi Dommheeten ze kafen. Maacht Iech eng Lëscht: Wat wëll ech kachen? Wat muss ech kafen? Wien organiséiert akeeft, spuert Suen. Et lount sech och, Iessen ze preparéieren an dëst fir d’Mëttegpaus matzehuelen. Grad wann ee méi Portioune kacht, gëtt dëst heefeg méi bëlleg, wéi de Besuch am Restaurant oder de Fast-Food-DriveIn.
Hei nach weider Plazen, wou een am Alldag spuere kann: