Waarm LoftRiseg Gummi-Int huet Hëtzt zu Hongkong net gepackt

RTL Lëtzebuerg
Kee Gléck hat eng Glécksint zu Hongkong. An riseger gieler Installatioun hat sech d'Loft duerch d'Hëtzt ze vill ausgedeent a wier bal geplatzt.
© AFP

Aus enger vun den zwou risege giele Gummi-Inten am Hafe vun Hongkong huet e Samschdeg missen d’Loft erausgelooss ginn, fir se virun der massiver Hëtzt ze schützen, wéi d’Organisateure vun der Installatioun vum hollännesche Kënschtler Florentijn Hofman matgedeelt hunn. D’Haut vun der plastiks Int hat sech déi waarm Loft bannendran iwwerdeent.

D’Temperaturen hunn e Samschdeg ëm 33 Grad erreecht.

Déi zwou 18 Meter héich Zwillingsinte waren eréischt e Freideg der Ëffentlechkeet presentéiert ginn. Virun 10 Joer hat hien schinn emol esou eng Int zu Hongkong opgeriicht. Dës Installatioun sollt duebelt Gléck bréngen.

Dem Hofman seng Gummi-Inte-Serie ass zanter 2007 a ville Groussstied op der Welt opgedaucht a war eng alleréischte Kéier 2013 zu Hongkong ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO