
Ronn 3,4 Millioune Mënschen an Däitschland hunn dem Statistesche Bundesamt zu Wiesbaden no an enger Ëmfro iwwert d’Notzungsverhalen am Kommunikatiounsberäich aus dem leschte Joer uginn, nach ni am Internet gewiescht ze sinn.
De gréissten Undeel gouf et bei de Leit tëscht 65 a 74 Joer. An deem Altersberäich hunn dem Bundesamt no 17 Prozent nach ni am Internet gesurft. Bei de Mënschen ënner 45 Joer louch den Taux bei ënner zwee Prozent. An der Europäescher Unioun loucht de Schnëtt, op déi ganz Bevëlkerung bezunn, bei 7 Prozent, allerdéngs mat groussen Ënnerscheeder tëscht de Staaten. A Griicheland a Portugal waren et 14 Prozent, a Skandinavien oder Irland waren et manner ewéi 4 Prozent.
Weltwäit hat 2022 en Drëttel vun de Mënsche keen Accès op den Internet. Also ronn 2,7 Milliarde Mënsche waren nach ni online.