FrankräichSäbel vum Napoleon Bonaparte gëtt versteet

RTL Lëtzebuerg
Den 22. Mee soll d’Waff zu Paräis iwwert den Dësch goen, esou d’Auktiounshaus Hôtel Drouot.
© AFP

De Wäert vum Säbel, deen den Napoleon 1802 an 1803 am perséinleche Gebrauch hat, gëtt op tëscht 700.000 an eng Millioun Euro geschat. Um Enn vu senger Keeserzäit hätt hien de Säbel sengem Vertrauten Emmanuel de Grouchy geschenkt.

Ëmmer nees gi Géigestänn, déi dem Napoleon gehéiert hunn, versteet. Am Juli haten zum Beispill zwou Pistoule ronn 1,7 Milliounen Euro bruecht.

Back to Top
CIM LOGO