Poopst FranziskusSäi Virgänger Benedikt wier "schwéier krank"
Den aktuelle Kierchepapp huet opgeruff, datt ee fir säi Virgänger Poopst Benedikt XVI soll bieden. De 95 Joer ale Ratzinger wier schwéier krank.
Fréiere Poopst Benedikt XVI soll schwéier krank sinn
Den aktuelle Kierchepapp huet opgeruff, datt ee fir säi Virgänger Poopst Benedikt XVI soll bieden. De 95 Joer ale Ratzinger wier schwéier krank.
Um Enn vun enger Generalaudienz am Vatikan huet de Franziskus matgedeelt, datt e Benedikt schwéier krank wier, ouni awer an den Detail ze goen. “Ech géif Iech all ëm e speziellt Gebiet fir de fréiere Poopst Benedikt bieden. Denkt drun, hien ass schwéier krank, a frot bei Gott no, hien ze tréischten [...]”.
De Joseph Ratzinger huet 95 Joer an hat 2013 de Posten als Poopst opginn.