
Den Hadjer Al-Ali, deen zanter annerhallef Joer zu Amsterdam op der Strooss lieft, huet international fir Schlagzeile gesuergt, nodeems hien e Sonndeg ee Portmonni an engem Zuch op enger Bänk fonnt huet, wou hien grad a Poubellen no Pfandfläsche gesicht huet. Am Portmonni waren 2.000 Euro Boergeld, awer keng Dokumenter, déi Hiweiser op de Besëtzer ginn hätten. Amplaz d’Suen anzestiechen, huet den éierleche Mann de Portmonni mat de Suen op de Policebüro bruecht.
D’Police huet den 33 Joer ale Papp vun zwee Kanner mat engem Bong iwwer 50 Euro an dem Éierepräis “Sëlweregen Daum” belount. Ma dobäi wäert et wuel net bleiwen.
Nodeems seng Geschicht national an international d’Ronn gemaach hat, gouf op der Spendeplattform “Gofundme” een Opruff fir den Hadjer Al-Ali gestart. Bannent engem Dag hunn 2.800 Leit ganzer 34.102 Euro fir de Mann gesammelt, dee säi Liewen domat elo nees op d’Rei brénge wëll, wéi et op der Plattform heescht.
“Mat de Suen kann den Hadjer elo endlech eng Wunneng lounen”, heescht et an engem Update op Gofundme. “Mäi Liewen wäert doduerch besser ginn, ech kann nees an eng Zukunft investéieren. Ech gleewen ëmmer, datt aus enger gudder Dot eppes Guddes entsteet, esou sinn ech am Liewen. Awer dat doten hätt ech mir ni virstelle kënnen”, esou den Hadjer Al-Ali.
Amsterdam: Sans-abri fënnt 2.000 Euro an Zuch a gëtt se bei der Police of