"Definitiv kee Wëllt Schwäin"Schonn nees Alarm wéinst wëllem Déier zu Berlin

RTL Lëtzebuerg
E besuergte Mann vu Berlin huet en Dënschdeg den Noutruff gewielt, nodeems hien e wëllt Déier gesinn huet. De presuméierte Léiw war awer éischter harmlos.

Keng zwou Wochen no der grousser Sich no engem Léiw, dee fräi duerch Berlin sollt lafen, goufen d’Beamten zu Berlin schonn nees wéinst engem wëllen Déier op den Asaz geruff. Kuerz virun 19 Auer en Dënschdeg den Owend huet e besuergten Awunner vum Quartier Dahlem der Police e Léiw an engem Park gemellt. Well de Mann d’Déier “fir richteg” gehalen huet, gouf direkt eng Patrull erausgeschéckt.

D’Poliziste konnten awer séier Entwarnung ginn: D’Déier, dat relax op enger Verdeelerkëscht louch, huet sech als Petzi erausgestallt. Als Beweis hunn d’Beamten eng Foto vum wëllen Déier gemaach, déi si e Mëttwoch op der Plattform “X” gepost hunn. “Dës Kéier ass all Zweiwel ausgeschloss: Dat ass kee Wëllt Schwäin.”

Back to Top
CIM LOGO