Bedruch beim Ultra-MarathonSchottesch Laangstreckeleeferin hat heemlech den Auto benotzt

RTL Lëtzebuerg
Well si fir eng kuerz Stéck vu Manchester op Liverpool den Auto wärend dem Ultra-Marathon geholl hat, gouf eng Schottin elo disqualifizéiert.
© AFP Archivbild

D’Joasia Zakrzewski huet vun den am Ganze 50 Meilen (80 Kilometer) der 2,5 op véier Rieder zeréckgeluecht. Verdächteg Zäiten hunn déi Drëttplazéiert opfléie gelooss.

D’Trackingdate vun der 47 Joer aler Leeferin hu gewisen, dass si bei der Course de 7. Abrëll tëschenzäitlech eng Meil an 1:40 Minutte gelaf wier. Ze Fouss wier dat awer komplett onméiglech, den aktuelle Rekord läit bei 3:43,13 Minutten.

Erschëpfung war wuel de Grond, fir dëse Bedruch. D’Course wier net no Plang verlaf, si hätt sech krank a midd gefillt. “Si wollt u sech ophalen”, sou den Adrian Stott, e Kolleeg vun der Leeferin. Wéi dat Ganzt dono opgeflu wier, hätt Joasia Zakrzewski d’Kaarten op den Dësch geluecht a kooperéiert. E ganze Bericht huet si den Organisateuren ofgeliwwert a sech dofir entschëllegt, fir esou vill Opreegung gesuergt ze hunn.

D’Joasia Zakrzewski war 2014 bei de Commonwealth Games déi 14. ginn an hat virdru schonn e puer Rekorder am Ultra-Beräich opgestallt.

Back to Top
CIM LOGO