WorldSkills 2026Sechs jonk Lëtzebuerger weisen zu Shanghai, wat si kënnen

Sibila Lind
D'WorldSkills-Kompetitioun fänkt den 22. September zu Shanghai un. Jonk Professioneller a Léierbouwen- a Meedercher aus der ganzer Welt moosse sech do an hire jeeweilege Beruffer.
WorldSkills Shanghai 2026
Den 23 Joer alen Jonah Gasper trëtt fir Lëtzebuerg an der Kategorie "Entretien vu Fligeren" un, de 24 Joer ale William Cao bei "digitaalt Bauen".

Ronn 1.400 jonk Professioneller aus 70 Länner wäerten a 64 verschiddene Beräicher op enger Zort Beruffsweltmeeschterschaft zu Shanghai géinteneen untrieden. Mir hu mam Jonah Gasper an dem William Cao geschwat, déi Lëtzebuerg vertriede wäerten.

2024 gouf d'Kompetitioun zu Lyon organiséiert. Dëst Joer geet et dann awer méi wäit an den Osten, op Shanghai. Sechs jonk Participanten aus Lëtzebuerg wäerte sech mat e puer vun de beschte jonke Fachleit aus der ganzer Welt moossen. Ënnert hinne sinn den 23 Joer alen Jonah Gasper, deen an der Kategorie "Entretien vu Fligeren" untrëtt an de 24 Joer ale William Cao, deen un der Kompetitioun fir "digitaalt Bauen" deelhëlt. Allebéid hu sech dat lescht Joer op dës Weltmeeschterschaft virbereet, woubäi déi lescht Woche fir en intensiven Training genotzt goufen. De Jonah bereet sech bei Cargolux vir, zesumme mat engem Expert, dem Frank Meysenburg, wärend de William enk mam Expert, dem Bryan Chlecq, am Lycée Josy Barthel zu Mamer zesummeschafft.

Fir d'Participanten an hir Experte geet d'Erausfuerderung iwwer déi technesch Fäegkeeten eraus. Och den Ëmgang mat Zäit an Drock spillt eng wichteg Roll.

Back to Top
CIM LOGO