
Et muss een dobäi soen, dass et sech hei ëm déi “weltwäit schwéierst” Prüfung vun dëser Aart handelt, soe chineesesch Staatsmedien. Se ass wuel esou schwéier, dass souguer 27 Uleef net duerginn, well och dës Kéier huet de Liang Shi net genuch Punkten erreecht, fir eng Plaz a senger Dram-Uni ze kréien.
“Dat war et fir dëst Joer” sou den 56 Joer ale Millionär an engem Livestream bei der Iwwerpréiwung vu senge Resultater virun de Gesiichter vu sëllege Spectateuren. “Immens bedauerlech”.
No all deene Kéieren huet hien dann awer lo Zweiwel, ob hien et jeemools an déi renomméiert Universitéit Sichuan packt. Well obschonn hie wéi en “asketesche Mënch” gelieft hätt, hätten him dëst Joer 34 Punkte gefeelt, fir zougelooss ze ginn. “Wann ech wierklech keng grouss Hoffnung op Besserung gesinn, huet et kee Sënn, dat nach emol ze maachen. Ech hu wierklech all Dag immens haart geschafft.”
Am Groussen a Ganzen huet de Liang en erfollegräicht Liewen, huet sech vun engem einfachen Job héich geschafft, huet säin eegene Betrib fir Baustoffer gegrënnt an huet domat Millioune verdéngt. Ma all d’Sue ginn net duer, fir sech säin Dram z’erfëllen, den Dram vum Studium. Fir deen Dram huet hie Léierdeeg vun 12 Stonnen hanneru sech bruecht, op Alkohol an op d’Mahjiong-Spillv verzicht an huet missen a Kaf huelen, dass de Geck mat him gemaach gëtt. “Et ass en onangeneeme Gedanken, dass ech et ni bis op d’Uni gepackt hunn. [...] Ech wëll wierklech gär en Intellektuelle ginn.”
Dëst Joer huet eng Rekordzuel vun 13 Millioune Schülerinnen a Schüler fir den Exame geléiert. De Gaokao gëllt als déi wichtegst Prüfung am Liewe vu ville Chineesen an erméiglecht den Opstig an d’Elite vum Land. Ob de Liang Sho sech eng 28. Kéier mellt an den Test, dee sech op e puer Deeg zitt, nach emol matschreift, ass schwéier soen, ma hie wéilt am Liewen och näischt bedaueren.
Affaire à suivre...